Regelen

1.Termin

1.1. All Team muss mindestens 1 Woch virum Match een Termin mat sengem Géigner ausmaachen an op letzgame.rocketleague@gmail.com eng Email mam Termin schécken. (Betreff: Mäin Team vs Géigner Team am dd/mm/yyyy um XX:XX)

D’Géigner Team kann am einfachsten duerch d’Kontakt-Email kontaktéiert ginn déi op onserer Säit fonnt kene ginn.

1.2. Falls keen Termin rechtzeiteg fonnt ginn ass, hunn béid Teams 1 Woch zousätzlech Zäit fir deen Match nozehuelen. D.h. si mussen déi nächst Woch 2 Matcher spillen. Falls deen Match dann an däer Woch net gespillt gett, kreien béid Teams een Lose

1.3. Am Fall vun kenger Äntwert vum Géigner, soll LetzGame Team, entweder op onser Facebook Säit oder per Email, rechtzeiteg kontaktéiert an informéiert ginn.

2. Match

2.1. Match Settings

  • Server: Europe
  • Game Mode: Private match
  • Size: 2vs2
  • Format: BO3 (Best of 3 <=> Dat éischt Team mat 2 Wins gewënnt den Match)
  • Match Time: 5 Minutes
  • Map: DFH Stadium (Et dierf eng aner Map gewielt ginn, wann béid Teams domadder averstane sinn)

2.2. Punkten

Match Win = +3 Punkten

Match Lose = +0 Punkten

2.3. Nom Match

No all Ronn musse béid Teams d’Matcher späicheren (als Replay) oder een Screenshot vum Endergebnis maachen.

Nom Match muss d’Gewennerteam d’Replays oder Screenshots op letzgame.rocketleague@gmail.com schécken. (Betreff: Match Result: Mäin Team vs Géigner Team) mat den Replays oder Screenshots als Anhang.

Am PC fannt dir dei Replays ennert: My Documents>\My Games\Rocket League\TAGame\Demos

Op der PS4 mussen dei opgeholl gin an op engem USB gespeichert gin.

(Wann een Team Screenshots scheckt, kenen dei Matcher net gestreamed ginn respektiv fir den Montage am Enn vun der Season benotzt ginn)

Am Fall weu keng Replays/Screenshots gescheckt gin, kene mir d’Ergebnis net konfirmeiren an et kann gescheien, dass beid Teams keng Punkten kreien

2.4. Disconnects / Technesch Problemer

Am Fall vun engem Disconnect, Internetproblemer oder aner Technesch Problemer, muss den Match weidergespillt ginn. Den Match dierf just frësch gestart ginn mam Verständnis vun béid Teams. (An deem Fall sollen am Beschten Screenshots gemaach ginn)

2.5. Verspeidung

Trëtt een Team no 15 Minutten vum geplangten Termin net op, kritt en automatesch een Lose. An deem Fall muss ee Screenshot mat der Email gecheckt ginn, wou d’Teams den Termin vereinbacht hunn an een Screenshot mat der Auerzäit an open Lobby vum Match.

2.6. Substitutiounen

Substitutiounen sinn eng eenzeg keier an enger Season erlaabt an just an deem Fall, wann een Teammember keng Zait oder Loscht fir weiderzespillen huet. Deen ausgewieselten Spiller ass fir den Rescht vun der Season fir d’Team registreirt. D’Auswieselung muss LetzGame bekannt gemaach gin.

Auswieselungen fir een eenzegen Match sin net erlaabt

2.7. Opginn

Een Team dierf während engem Match net opginn.

Een Team dierf virun engem Match Forfait erklären andeems en den Géigner Team AN LetzGame informéiert.

2.8. Zuschauer / Stream

Zuschauer an streamen sinn just erlaabt am Fall wou bei Teams domadder averstane sinn.

2.9. Disqualifikatiounen

Am Fall vun Cheating, ass d’Team automatesch aus der Season disqualifizéiert.

Am Fall vun Disrespekt, Beleidegungen oder soss eng aner Art vun Toxicity, dierf LetzGame entscheeden, op een Team disqualifizéiert gëtt oder net.

Am Fall wann een Team sech fir 3 Wochen net mellt/areechbar ass, ass och vun enger Disqualifilkation d’Ried

2.10. Orange / Blo Teams

D’Faarw (oder d’Säit) deen all Team an engem Match kritt, gett alphabetesch gewielt. D.h. wann z.b. Bamboozled geint Muchas Maracas untried, kritt Bamboozled déi orange Säit an Muchas Maracas déi blo Säit

3. Ooflaaf vun der Saison

3.1.Mid-Season

Mett bis Enn Abrell werte mer eng kleng Season-Paus vun 1-2 Wochen maachen, weu mer eng kleng Rekapitulation vum eischten Deel vun der Season maachen an weu d’Teams Frendschaftsspiller spillen daerfen.

3.2. Gleichstand am Enn vun der Season

Gleichstand zweschen 2 oder puer Teams am Enn vun der Season gett duerch een weideren Match teschend déi 2 oder méi Teams opgehuewen. Goals an Saves an deenen Matcher zielen net fir d’Tabell fir den Beschten „Scorer“ respektiv „Goalie“

4.Generell Informatiounen

  • D’Matcher wäerten ab und zu duerch déi gesent Replays gestreamed an kommentéiert ginn.
  • Am Enn vun der Season gëtt een Montage vun den beschten „Plays“ gebaut an op onserer Säit gepost ginn
  • All Problem soll ons matgedeelt ginn entweder per Facebook oder Email